Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op d’Foire de l’Étudiant 2026, déi gréissten Informatiounsfoire fir Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg. Mat méi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 verschiddene Länner ass d’Foire déi ideal Geleeënheet, fir sech iwwer Studien, Universitéiten an zukünfteg Karriärméiglechkeeten z’informéieren. Egal ob dir nach um Ufank vun ärem Studium stitt oder iech […]
Léif ANEIL Memberen, stitt dir kuerz virum Ofschloss vun ärem Masterstudium am Ingenieursberäich oder hutt dir äre Master viru kuerzem ofgeschloss? Dann notzt d’Geleeënheet a maacht beim Prix d’Excellence 2026 mat! De Präis gëtt och dëst Joer vun der IngSci, der Fondation Enovos an der ANEIL organiséiert a belount déi bescht Masteraarbechten an de Beräicher […]
Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt beim Centrale nucléaire de Cattenom, ee vun de wichtegste Kraaftwierker an der Groussregioun. Dëst Atomkraaftwierk, bedriwwe vun EDF, spillt eng zentral Roll an der Energieversuergung an bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet, hannert d’Kulisse vun der Energieproduktioun ze kucken. Kommt mat a kritt en […]
Léif ANEIL Memberen, Bass du interesséiert un engem Ingenieursstudium, mee weess nach net genee, wat dech op der Uni erwaart? Da notz d’Geleeënheet a maach mat bei Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen! D’ANEIL vertrëtt och dëst Joer de Beräich Ingenieurwëssenschaften um Campus Belval. Zesumme mat eise Memberen hues […]