Auszeechnungen
Schroeder Award
Schroeder & Associés
Schroeder & Associés vergëtt all Joer den Schroeder Award un 3 Bauingenieursstudenten fir hier Bacheloraarbecht.
Dir kënnt är Kandidature bis den 9 Juni 2023 raschécken.
Säit 2021 gëtt och nach een supplementären Präis un een Ingenieursstudent onofhängeg vun sengem Studiejoer verginn.
2023 Lindau nobel laureat meeting
Den Fonds National de la Recherche (FNR) ass frou den Opruff un talentéiert jonk Fuerscher matzedeelen fir als Lëtzebuerger Delegéierte bei der 72. Editioun un dem renomméierten Nobel Laureate Meeting zu Lindau an Däitschland deelzehuelen.
Den FNR selektionéiert all Joer 2 exzellent Kandidaten/innen (Niveau Matser, PhD oder Postdoc) vun Lëtzebuerg fir un dem renomméierten Nobel Laureate Meeting zu Lindau deelzehuelen.
D’Versammlung fënnt vum 25. bis den 30. Juni 2023 statt, an adresséiert sech spezifesch
un Kandidaten aus der Biologie, Physiologie a Medezin. Den FNR iwwerhëlt sämtlech Rees- a Partizipatiounskäschten.
Deadline fir sech ze bewerben ass den 14. Oktober 2022.
Prix d'excellence
Fondation Enovos
Den “Prix d’excellence” gëtt een mol d’Joer vun der Fondation Enovos un Studenten déi hier Masteraarbecht ofgeschloss hunn iwwerreecht.
Den Präis ënnerstëtzt virun allem d’Fuerschung am Beräich vun erneierbaren Energien an nohalteger Entwécklung.
D’Deadline fir d’Kandidature ofzeginn ass den 15 Juli 2023.
FNR awards
FNR
Den FNR vergëtt järlech Auszeechnungen an den Kategorien “Outstanding scientific achievement”, “Outstanding PHD thesis”, “Outstanding promotion of science to the public” an “Outstanding Mentor”. Den FNR well andeems d’Kommunikatioun tëscht den Chercheuren verbesseren an wëssenschaftlech Aktivitéiten ënnerstëtzen.
Des Präisser riichten sech un Studenten déi entweeder hier Master- oder Doktoraarbecht fäerdeg hunn.
L.s.c circular and Innovation awards
L.s.c engineering
Den L.S.C Engineering Grupp organiséiert den Wettbewerb ” L.S.C Circular and Innovation Awards” bei deem Aarbechten vun Studenten, déi sech mat den Themen Kreislaufwirtschaft an Innovation befaassen, ausgezeechent ginn.
D’Moto vum L.S.C Engineering Grupp ass d’Plangen an d’Bauen vun nohaltegen Projeten.
Soumat ass dësen Wettbewerb interessant fir Studenten déi hier Bachelor-/Masteraarbecht oder hiren BTS an engem vun den folgenden Beräicher ofgeschloss hunn: Strukturenuntersuchung, Infrasturktur, Raumordnung oder Mobilität.