Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Studentefoire

Oktober 29 - Oktober 30

Léif ANEIL Memberen,

mir invitéieren iech häerzlech op d’Foire de l’Étudiant 2026,  déi gréissten Informatiounsfoire fir Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg.

Mat méi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 verschiddene Länner ass d’Foire déi ideal Geleeënheet, fir sech iwwer Studien, Universitéiten an zukünfteg Karriärméiglechkeeten z’informéieren. Egal ob dir nach um Ufank vun ärem Studium stitt oder iech fir e Master oder weider Studien interesséiert, hei fannt dir eng grouss Villfalt un Informatiounen an direkten Austausch mat Universitéiten an Héichschoulen.


Wat erwaart iech op der Foire?

  • Informatiounen iwwer Bachelor-, Master- a weider Studieprogrammer
  • Méi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 Länner
  • Direkten Austausch mat Universitéiten, Héichschoulen an Organisatiounen
  • Berodung zu Studien- a Karriärméiglechkeeten
  • Eng ideal Geleeënheet, fir äre weidere Studienwee ze plangen

Praktesch Informatiounen:

📅 Datum:

  1. Oktober 2026 (09:00 – 17:00 Auer)
  2. Oktober 2026 (09:00 – 17:00 Auer)

📍 Standuert:

Salle Centre National Sportif et Culturel Coque

2, Rue Léon Hengen

L-1745 Luxembourg-Kirchberg

👥 Fir wien?

Fir all Schüler, Studenten an Interesséiert, déi sech iwwer Héichschoulstudien an hir Zukunft informéiere wëllen.

👉 Fir méi Informatiounen iwwer d’Foire an d’Aussteller, kuckt w.e.g. op de folgende Link:

Mir freeën eis, vill vun iech op der Foire ze gesinn an iech bei äre Froen zum Ingenieursstudium an der ANEIL begréissen ze kënnen!

Äre ANEIL Comité

Details

  • Beginn: Oktober 29
  • Ende: Oktober 30

Veranstaltungsort