cooperatiounen

Association des
cercles d'étudiants luxembourgeois

D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 40 Studentencercelen, déi duerch ganz Europa verdeelt sinn. Dëst mëscht d’ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg.

Da VInci -
association of engineers, architects, scientists, industrials

Da Vinci ass e bëssen de Pendant zu der ANEIL fir Ingenieuren déi scho schaffen. Si organiséieren ënner anerem all Joer d’Journée de l’Ingénieur, eng Séance Académique mat engem interessante Virtrag iwwer d’Welt vun der Industrie, der Wirtschaft an der Technologie. Zudeem organiséiere si och véier mol am Joer de Brunching for Young Engineers.All Member vun der ANEIL ass och automatesch Member vun da Vinci an ass häerzlech invitéiert fir un hiren Aktivitéiten deelzehuelen.

EYE -
European young engineers

EYE – European Young Engineers ass en Dachverband vun den Ingenieursstudenten a jonken Ingenieuren aus Europa. All Member vun der ANEIL ass automatesch Member vun EYE a natierlech invitéiert, un de Konferenze vun EYE deelzehuelen. Méi Informatioune fënns de op hierer Homepage.

Fondation enovos

Den “Prix d’excellence” gëtt een mol d’Joer vun der Fondation Enovos un Studenten déi hier Masteraarbecht ofgeschloss hunn iwwerreecht.

Den Präis ënnerstëtzt virun allem d’Fuerschung am Beräich vun erneierbaren Energien an nohalteger Entwécklung

D’Deadline fir d’Kandidature ofzeginn ass den 15 Juli 2023.

OAI -
Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils

Créé en 1990 aux termes de la loi du 13 décembre 1989, l’OAI regroupe des architectes, des architectes d’intérieur, des ingénieurs-conseils, des urbanistes-aménageurs et des paysagistes; 1.269 membres individuels; 444 bureaux d’architectes et 176 bureaux d’ingénieurs-conseils au Luxembourg qui emploient plus de 4.000 personnes. Au-delà de ses missions légales, d’organisation professionnelle ainsi que d’intérêt public et culturelles, l’OAI valorise la véritable dimension du travail de ses membres, au niveau économique, social, artistique et culturel, pour un cadre de vie durable et de qualité.

Revue technique luxembourgeoise