
Student fir 1 Dag
Léif ANEIL Memberen,
Bass du interesséiert un engem Ingenieursstudium, mee weess nach net genee, wat dech op der Uni erwaart? Da notz d’Geleeënheet a maach mat bei Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen!
D’ANEIL vertrëtt och dëst Joer de Beräich Ingenieurwëssenschaften um Campus Belval. Zesumme mat eise Memberen hues du d’Méiglechkeet, en authenteschen Abléck an den Alldag vun engem Ingenieursstudent ze kréien. Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen, beäntweren deng Froen a weisen dir, wat dech an engem Ingenieursstudium erwaart.
Egal ob s du nach onsécher bass, wéi eng Fachrichtung déi richteg fir dech ass, oder einfach méi iwwer de Studium an d’Beruffsméiglechkeete gewuer wëlls ginn – Student fir 1 Dag ass déi ideal Geleeënheet, fir dech ze informéieren an aner Studente kennen ze léieren.
👉 Fir d’Umeldung an all weider Informatiounen, kuck einfach op de folgende Link:
Mir freeën eis, dech um Campus Belval begréissen ze kënnen!
Äre ANEIL Comité
