Studieninformatiounen am internet

Hei e puer Adressen, déi iech nieft den Informatiounen op dëser Homepage nach weider bei der Studiewahl hëllefen:

www.studienwahl.de

"Offizieller Server der Bund-Länder-Komission für Bildungsplanung und Forschungsförderung und Bundesanstalt für Arbeit". Hei fënnt ee bal alles, wat de Studium an Däitschland ugeet: Informatiounen iwwer Fächergruppen an eenzel Studiegäng, Internet-Adresse vun allen Unien, souwéi eng Datebank, wou een sech eraussiche kann, wat ee grad brauch. (z.B. Wou kann ech wat studéieren?). Dës Säit ass wéi et ausgesäit zimlech komplett. Ganz interessant ass och d'Sammlung vun deene ganz neie Studiegäng, déi am Moment op deene verschiddenen Unien ugebuede ginn.

www.acel.lu

D'Säit vun der ACEL, dem Daachverband vun de lëtzebuerger Studentecercelen. Hei fannt der och allerfhand wichteg Informatioune ronderëm d'Studéieren. Am Guide du Futur Etudiant (d'Broschür déi d'ACEL all Joer op der Foire de l'Etudiant ausdeelt) fannt der Infoen iwwer d'Studentecercelen an deene verschiddene Stied. Dir fannt op der Homepage awer och nach Infoen vum Studenteliewen an zur Studiewahl.

www.studieren.de

Eng Internetsäit vu Studente fir Studenten, déi sech mat ville studenteschen Aspekter befaasst.

www.think-ing.de

Eng Homepage fir Ingenieuren an (zukünfteg) Ingenieursstudenten. Hei kann een och gratis eng CD bestellen, déi mat Informatiounen iwwer Ingenieursstudien vollgepaakt ass.

www.letudiant.fr

Hei fënnt een all Informatiounen iwwert de Studium op deene verschiddenen Unien a Frankräich.

www.cedies.public.lu

D'Säit vum CEDIES (Centre de Documentation et d'Information sur l'Enseignement Supérieur). Beim CEDIES kann een awer och laanscht goen a méi spezifesch Froe stellen (211, route d'Esch, L-1471 Luxembourg).

Op den Internetsäite vun deene verschiddenen Unie fënnt een och allméiglech spezifesch Studieninformatiounen. Déi betreffend www-Adresse fënnt een am einfachsten iwwer Sichmaschinnen um Internet. Et fënnt een z.B. och vill interessant Informatiounen, wann een z.B. “Studieren in…” an esou eng Sichmaschinn agëtt.