D'ANEIL stellt sech fir

Wat ASS D'ANEIL?

Wat hunn ech vun der ANEIL?

Informatiounen

Als Schüler vun der 2e/1re oder 12e/13e kriss de vun eis Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium a -beruff. Iwwert d’Joer organiséiere mir Schoulaktiounen, wou mir a verschidde Lycéeë ginn, an och op der „Foire de l’Étudiant“ hu mir eisen traditionelle Stand. Fir méi détailléiert Froë vermëttele mir dech gären un ee vun eise Memberen, dee grad an dem entspriechende Studium steet.

Visitten an Reesen

Als Ingenieursstudent kanns du un eise Visitten bei lëtzebuergesche Firmen deelhuelen fir dir een éischt Bild vun der Praxis ze maachen, a fir Studenten vun aneren Héichschoulen ze begéinen. Am Hierscht organiséiere mir eng Rees vun e puer Deeg an d’Ausland, wou mir eise Memberen d’Méiglechkeet ginn, bei enger Visite mat souwuel techneschem wéi och kulturellem Inhalt eng Stad oder Regioun kennenzeléieren. Di lescht Joren ware mir z.B. zu Barcelona, Dublin, Prag, Hamburg, Milano, op der Ostküst vun den USA, am Ruhrgebidd, der Schwäiz an an Japan. Dréi mol am Joer kriss du eis Zäitschrëft, de Bulli, op deng Lëtzebuerger Adress geschéckt an all Job- a Stageoffer déi mer vun de Firme kréien fënns de um Site.

Kontakt

Nom Diplom hues du duerch deng Visitten mat der ANEIL een differenzéiert Bild vun dénge Méiglechkeeten als Ingenieur zu Lëtzebuerg. Eis „Table Ronde“ op Karfreide bitt eng gutt Geleeënheet, an engem ongezwongene Kader mat de Personalcheffe vun deene wichtegste lëtzebuerger Entreprise Kontakt opzehuelen an eventuell en éischte Rendez-vous ze fixéieren.

Wéi kann ech an der ANEIL matschaffen?

Wéi bleiwen ech op der Uni iwwer
d'ANEIL um lafenden?

Iwwer d’News an d’Updates op dëser Homepage, iwwer Facebook, iwwer Instagram, iwwer LinkedIn, an iwwer d’Newsletteren déi mer regelméisseg un eis Membere verschécken.

Hei kanns du Member gi wann s du et nach net bass.