EYE

Mir sinn als ANEIL deel vun der EYE. D‘ European Young Engineers (EYE) ass eng international Non-Profit-Organisatioun, déi jonk Ingenieuren aus iwwer 20 europäesche Länner vertrëtt. Si fërderen den Austausch tëscht jonke Fachkräften, Politik, Industrie an der Wëssenschaft.  Zwee mol am Joer gëtt eng Konferenz vun enger Memberassociatioun vun der EYE organiséiert. Am Oktober 2024 gouf fir d’éischte Kéier eng EYE Konferenz zu Lëtzebuerg organiséiert. 

Ustoend Konferenzen:

Vergaange Konferenzen:

18-21.09.2025

Tbilisi: Where Sustainability meets Artifical Intelligence

Dei 55th Editioun vun der EYE-Konferenz fënnt zu Tbilisi an Georgien statt. Weider Informatiounen an Tickeen fannt dir hei.

7-10.05.2026

Neapel: Engineering the twin transition

Als Participanten un der 56. Editioun vun der EYE-Konferenz fuere mir jonk Ingenieurinnen an Ingenieursstudentinnen aus Lëtzebuerg op Neapel tëscht dem 7. an 10. Mee 2026. Weider Informatiounen an Tickete fannt dir hei.

24-27.04.2025

Malta: Advanced MANUFACTURING

Dei 54th Editioun vun der EYE-Konferenz fënnt zu Malta statt. Weider Informatiounen an Tickete fannt dir hei.

10-13.10.2024

Luxembourg: Crossing point of Europe

Matten am Häerz vun Europa steet Lëtzebuerg als e dynameschen an wichtegen Akteur an der komplexer an diverser Landkaart vun der Europäescher Unioun.
Als Host vun der EYE-Hierschtkonferenz 2024 hunn mir d’Positioun vu Lëtzebuerg am Häerz vun Europa an de Fokus gesat an hunn jonk Ingenieur*innen an Ingenieursstudent*innen aus ganz Europa tëscht dem 10. an 13. Oktober 2024 op Lëtzebuerg invitéiert fir déi villsäiteg Bedeitung vun eisem Land ze weisen.

Wann’s du virwëtzeg bass oder gären mei iwwert déi Konferenz gewuer wëlls gi, da lies dech op eyeconference.lu an.