Den 3. Juli war d’ANEIL um Studentebal vertrueden an hat zesumme mat der ALEM e gemeinsame Stand. Vun 20:00 Auer un hu mir eis ëm de Verkaf vu Cocktailer a Mocktailen gekëmmert an zesumme fir eng flott Atmosphär gesuergt. Besonnesch eise WD40-Cocktail mat sengem frësche Maracuja-Goût war e richtege Publikumsléifsten a gouf de ganze Owend […]
Den 3. Juli haten d’ANEIL Memberen d’Méiglechkeet, zesumme mat eisem Partner Schroeder & Associés an InCA, de Projet vum Velodrome méi no ze entdecken. No engem laangen politesche Prozess ass dësen eenzegaartege Projet mëttlerweil am Bau an huet eis en interessanten Abléck an eng grouss Infrastrukturbaustell ginn. Wärend der geféierter Visitt konnten d’Participanten de Fortschrëtt […]
Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt bei der SEBES zu Eschduerf, eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir méi iwwer d’Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ze léieren. De Site vun der SEBES bereet aktuell ronn 38.000 m³ Drénkwaasser pro Dag op a spillt domat eng essentiell Roll am Lëtzebuerger Drénkwaasserréseau. Wärend der Visitt […]