Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitt Formnext

November 19 @ 10:00 - 20:30

Léif ANEIL Memberen,

mir invitéieren iech häerzlech, gratis mat der ANEIL op d’Formnext 2026 ze kommen, déi international Fachmass a Konferenz fir Additive Manufacturing an industriellen 3D-Drock, déi vum 17. bis den 20. November 2026 zu Frankfurt stattfënnt.

Op der Formnext presentéieren all Joer iwwer 800 Aussteller virun méi wéi 38.000 Besucher aus der ganzer Welt hir Neiegkeeten: vun industriellen 3D-Drécker iwwer Materialien a Software bis bei d’Nobehandlung (Post-Processing). Do gëtt déi ganz Prozesskette vum Additive Manufacturing ënner engem Daach gewisen.

Dëse Besuch bitt iech eng eenzegaarteg Geleeënheet, déi neist Trends am 3D-Drock live z’entdecken, mat Firmen an Expert*innen a Kontakt ze kommen an en Abléck an d’Zukunft vun der Produktioun ze kréien. An dat Bescht: D’ANEIL rembourséiert iech den Ticket!


Wat erwaart iech op der Formnext?

  • Déi neist industriell 3D-Drécker fir Metall a Polymeren
  • Innovatioune bei Materialien, Software an Automatiséierung
  • Presentatiounen iwwer aktuell Trends am Additive Manufacturing
  • Sonnerschauen a Guided Tours zum Post-Processing
  • Méiglechkeet fir Froen un Expert*innen ze stellen a Kontakter mat Firmen ze knëppen

Wéi leeft et of?

  1. Dir kaaft iech online e Studententicket op formnext.mesago.com. Dir musst do e Noweis eroplueden, datt dir Student*in sidd.
  2. Dir schéckt är Quittung un alex.colling@aneil.lu.
  3. Dir kritt den Ticketpräis vun der ANEIL rembourséiert!
  4. Dir kommt den 19. November op Frankfurt.

Praktesch Informatiounen:

📅 Datum: 19. November 2026

🕒 Zäit: ab 10:00 Auer

📍 Standuert:

Messe Frankfurt

Ludwig-Erhard-Anlage 1

D-60327 Frankfurt am Main, Däitschland

🚗 Transport:

Den Transport organiséiert jidderee selwer. No der Umeldungsfrist gëtt eng WhatsApp-Grupp erstallt, fir de Covoiturage ze koordinéieren.

✉️ Froen:

Bei Froen mellt iech gär ënner alex.colling@aneil.lu.

👉 Mellt iech elo un iwwer dëse Link!

Mir freeën eis op en Dag voller Innovatioun am 3D-Drock mat iech! 🚀

Ären ANEIL Comité 🧡

Details

  • Datum: November 19
  • Zeit:
    10:00 - 20:30

Veranstalter

  • ANEIL

Veranstaltungsort