Wéi ginn ech Ingénieur?

Et gëtt leider keen Studiengang Ingenieur, als Ingenieur bezeechent een en Fachmann op engem techneschen Gebitt mat enger theoretescher Ausbildung. Dorënner falen dann z.B. Studiengäng wei Maschinnebau, Bauingenieur, Chimie, Biologie, Physik, Elektrotechnik, Informatik oder Architektur.

Et gëtt op déi Fro leider keng richteg Äntwert. Ennert Studiegäng fennst du Informatiounen zu de verschiddene Studiengäng. Well daat awer net all sin dei et gett, kannst de och nach an der Rubrik (Studieninformatiounen am Internet) kucken, do fennst du weider Säiten dei der hellefen kennen dein Choix ze treffen.
Bei dem Verband vun den däitschen Ingenieuren (VDI) kann een déi aktuell Zuelen vum däitschen Aarbechtsmarché noliesen (www.vdi.de/ingenieurmonitor). Dat sinn awer ëmmer nëmmen aktuell Zuelen, dofir ass et net rotsam säin Choix just op Base vun deenen Zuelen ze treffen.

Wanns de Problemer hues, fir dech fir een Studiengang ze entscheeden, dann schreif eis einfach wei eng Studiengäng der géifen zousoen an mir ginn der dann weider Informatiounen, oder nach méi einfach ass et wann s de eis op eisem Stand op der Foire de l’étudiant besichts.

Och dat ass net sou einfach soen, et ginn sécher déi “klassesch” Unien fir Ingenieuren (an Däitschland z.B. Oochen, Karlsruhe, Kaiserslautern an München, an der Schwäiz z.B. Lausanne an Zürich oder an der Belge Léck an Bréissel) mä och an aneren Stied ginn et Unien déi op hirem Gebitt zu deenen beschten geheiren. An well och d’Studenteliewen zu engem Studium dobäi gehéiert, ass et am beschten den Cercle vun der respektiver Unisstad ze kontaktéieren.

Kuck der fir weider Inormatiounen och eis Brochure Let’s engineer oder op www.letsengineer.lu un.