
Prix d’exellence

Léif ANEIL Memberen,
stitt dir kuerz virum Ofschloss vun ärem Masterstudium am Ingenieursberäich oder hutt dir äre Master viru kuerzem ofgeschloss? Dann notzt d’Geleeënheet a maacht beim Prix d’Excellence 2026 mat!
De Präis gëtt och dëst Joer vun der IngSci, der Fondation Enovos an der ANEIL organiséiert a belount déi bescht Masteraarbechten an de Beräicher Energie, Nohaltegkeet an Innovatioun.
Wie kann matmaachen?
De Concours riicht sech un Ingenieursstudenten, déi:
- e Masterstudium (Bac+5) am Ingenieursberäich ofgeschloss hunn;
- hiert Studium an der festgeluechter Period fir d’Editioun 2026 ofgeschloss hunn;
- beim Lëtzebuerger Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ugemellt sinn an Usproch op d’Lëtzebuerger Studentehëllef hunn.
Wat kënnt dir gewannen?
- Eng Chance op e Präisgeld vun 2.500 €
- D’Méiglechkeet, äre Projet virun enger Jury aus Expert*innen ze presentéieren
- Visibilitéit bei Acteuren aus den Domäner Energie, Nohaltegkeet an Innovatioun
- Zousätzlech gëtt e Prix Coup de Cœur fir déi iwwerzeegendst Presentatioun verginn.
Fir d’Kandidatur braucht dir:
- Är Masteraarbecht
- Äre Bulletin de notes
- Äre Masterdiplom
📅 Wichteg Datumer:
- 24. Juni 2026: Ouverture vun de Kandidaturen
- 31. Juli 2026: Deadline fir d’Aschécke vun de Kandidaturen
- 25. September 2026: Selektioun duerch d’Jury
- 30. Oktober 2026: Präisiwwerreechung an der Coque
👉 Fir d’Participatioun an all weider Informatiounen, kuckt w.e.g. op de folgende Link:
Wann är Masteraarbecht sech mat den Theme Energie, Nohaltegkeet oder Innovatioun beschäftegt, da verpasst dës Geleeënheet net a reecht är Kandidatur an. Vill Gléck! 🏆
Äre ANEIL Comité
