Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
  • Wanterpatt ANEIL x ANELD x ALEM x ANESEC

    D’ANEIL, d’ANELD, d’ALEM an d’ANESEC heeschen all hir Memberen häerzlech wëllkomm op e gemittleche Wanterpatt um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss an der Stad. Kommt laanscht fir mat eis e Glühwäin oder e Schocki ze drénken an d’Feierdeeg an enger agreabeler Atmosphär ze verbréngen. ⭐️ 🌨️ Mir gesinn eis Sonnden, den 21. Dezember 2025, ab 18h00 um […]

  • Visitt Creos – Poste blindé Blooren

    Creos Itzig https://maps.app.goo.gl/qvGtvkjSfJjfjt367

    Léif Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend Visitt, bei där dir en detailléierten Abléck an d’elektresch Energie-Infrastruktur kritt. Creos stellt zanter 2009 en Deel vun der lëtzebuergescher Gas- a Stroumversuergung sécher an ass domat e wichtege Pilier vun eiser Energie-Infrastruktur. 👀 Wat erwaart iech? Besichtegung vun enger 220 kV Schaltanlag Abléck an 2 […]

  • ANEIL Meeting 2026

    Forum Geesseknäppchen 40 Bd Pierre Dupong, Hollerich, Luxembourg

    🔬⚙️ Den ANEIL Meeting ass dat greissten Event vun der ANEIL, bei deem Studenten d’Méiglechkeet kréien, Entreprisen aus dem MINT-Beräich kennenzeléieren an en authenteschen Abléck an d’Beruffswelt ze gewannen. 🤝 Nieft de Presentatioune vun eise Partneren bitt den Event eng exzellent Geleeënheet, fir mat ronn 20 verschiddene Firmen a Partner direkt an d’Gespréich ze kommen […]

  • Visitt Philharmonie

    Philharmonie 1 Pl. de l'Europe, Clausen, Luxembourg

    🎼 Mir invitéieren iech op eng spannend technesch Visitt an der Philharmonie, bei där dir en exklusiven Abléck hannert d’Kulisse vun dësem aussergewéinleche Gebai kritt. Während der Visitt erkläert den Head of Technical Division déi technesch Aspekter vun der Philharmonie, dorënner Tountechnik, Videotechnik an d’Architektur vum Gebai. Dëst ass eng flott Geleeënheet fir ze verstoen, […]

  • Visitt Airtech

    Airtech 18, ZI Haneboesch, Differdange, Luxembourg

    Léif Memberen vun der Aneil,   mir invitéieren iech häerzlech op eng exklusiv Visite bei Airtech Europe Sarl – de europäesche Sëtz vum Airtech Advanced Materials Group, dem Weltleader an innovativen Materialien fir Kompositprodukter. Zanter 1991 entwéckelt an distribuéiert Airtech Materialien fir d’Produktioun vu Kompositstécker a Mësselen, mat Léisungen fir Infusioun, Pré-impregnéierter Stoff, Autoklaven a […]

  • Online Interview Cours

    Léiwen ANEIL-Member, fir dass du optimal op deng Aarbechtsgespréicher virbereet bass, bidde mir och dëst Joer erëm eisen “Interview”-Cours un. De Cours gëtt vun Madamm Ries geleet, déi der vläicht schonn aus dem CV-Check um Meeting kennt. Mat hirer Erfahrung gëtt si dir wäertvoll Tipps a konkret Strategien, fir dech bei dengem nächste Interview ze […]

  • Visitt Cern

    CERN Esplanade des Particules, Meyrin, Switzerland

    Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng eenzegaarteg Visitt beim CERN zu Genève, ee vun de bedeitendste Fuerschungszentren op der Welt. De Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire, kuerz CERN, ass virun allem bekannt fir den Large Hadron Collider (LHC), de gréisste Partikelbeschleuneger op der Welt. Hei gouf ënner anerem den Higgs-Boson nogewisen […]

  • Visitt Tagebau Garzweiler

    Garzweiler Erftstraße 111, Grevenbroich, Germany

    Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt vum Tagebau Garzweiler – ee vun de gréissten Oppebau-Minnen an Europa. De Tagebau Garzweiler, bedriwwe vun RWE, bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir déi imposant Dimensioune vun engem modernen Oppebau aus noer Distanz ze erliewen. Wärend der Visitt kritt dir en Abléck an […]

  • Afterwork ANEIL x ANESC x ALEM

    Wellem 1 Rue de la Reine, Ville-Haute, Luxembourg

    Den Afterwork, organiséiert zesumme mat ALEM, ANESEC an ANELD, war eng flott Geleeënheet, fir de Semester an enger entspaanter Atmosphär auskléngen ze loossen. Bei gudder Stëmmung hu sech d’Membere vun de verschiddene Cerclen am Wellem getraff, fir sech auszetauschen, nei Kontakter ze knäppen an e gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen. Esou Eventer bidden eng flott […]

  • Visitt Velodrom

    Velodrom 1 Campus Prince Charles, Mondorf-les-Bains, Luxembourg

    Den 3. Juli haten d’ANEIL Memberen d’Méiglechkeet, zesumme mat eisem Partner Schroeder & Associés an InCA, de Projet vum Velodrome méi no ze entdecken. No engem laangen politesche Prozess ass dësen eenzegaartege Projet mëttlerweil am Bau an huet eis en interessanten Abléck an eng grouss Infrastrukturbaustell ginn. Wärend der geféierter Visitt konnten d’Participanten de Fortschrëtt […]

  • Studentenbaal

    Bouillon 69 Rue de Bouillon, Hollerich, Luxembourg

    Den 3. Juli war d’ANEIL um Studentebal vertrueden an hat zesumme mat der ALEM e gemeinsame Stand. Vun 20:00 Auer un hu mir eis ëm de Verkaf vu Cocktailer a Mocktailen gekëmmert an zesumme fir eng flott Atmosphär gesuergt. Besonnesch eise WD40-Cocktail mat sengem frësche Maracuja-Goût war e richtege Publikumsléifsten a gouf de ganze Owend […]

  • Visitt SEBES

    SEBES 20, Um Quatre Vents, Eschduerf, Luxembourg

    Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt bei der SEBES zu Eschduerf, eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir méi iwwer d’Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ze léieren. De Site vun der SEBES bereet aktuell ronn 38.000 m³ Drénkwaasser pro Dag op a spillt domat eng essentiell Roll am Lëtzebuerger Drénkwaasserréseau. Wärend der Visitt […]

Menü schließen
ANEIL
Datenschutz-Übersicht

Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.