Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitt SEBES

Juli 17 @ 10:00 - 12:00

Léif ANEIL Memberen,

mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt bei der SEBES zu Eschduerf, eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir méi iwwer d’Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ze léieren.

De Site vun der SEBES bereet aktuell ronn 38.000 m³ Drénkwaasser pro Dag op a spillt domat eng essentiell Roll am Lëtzebuerger Drénkwaasserréseau. Wärend der Visitt kritt dir en Abléck an d’Opbereedung vum Drénkwaasser an entdeckt d’Installatioune vun dëser wichteger Infrastruktur. (SEBES)

Kommt mat a léiert méi iwwer d’Versuergung mat Drénkwaasser an déi modern Technologien, déi all Dag dozou bäidroen, eis Waasserqualitéit sécherzestellen.


Wat erwaart iech bei der Visitt?

  • Presentatioun vun der SEBES an hire Missiounen
  • Expo iwwer d’Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg
  • Geféiert Visitt vun der Waasseropbereedungsanlag
  • Abléck an d’Opbereedung an d’Verdeelung vum Drénkwaasser
  • Méiglechkeet, Froen un Expert*innen ze stellen

Praktesch Informatiounen:

📅 Datum: 17. Juli 2026

🕙 Zäit: 10:00 – 12:00 Auer
(Rendez-vous um 9:45 Auer)

📍 Standuert:

SEBES – Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre

20, Um Quatre Vents

L-9150 Eschduerf

Lëtzebuerg

🧥 Wichteg:

An der Anlag kann et frësch sinn. Bréngt iech w.e.g. eng Jacket mat.

🚗 Transport:

Den Transport muss jidderee selwer organiséieren (Covoiturage recommandéiert).

👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link!

ℹ️ Weider Informatiounen fannt dir op dësem Link!

Mir freeën eis op eng interessant an informativ Visitt an d’Welt vun der Drénkwaasserversuergung a freeën eis, dësen Abléck mat Iech ze deelen! 💧

Äre ANEIL Comité

Details

  • Datum: Juli 17
  • Zeit:
    10:00 - 12:00

Veranstaltungsort