
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Afterwork ANEIL x ANESC x ALEM
Juni 26 @ 18:30 - 23:00

Den Afterwork, organiséiert zesumme mat ALEM, ANESEC an ANELD, war eng flott Geleeënheet, fir de Semester an enger entspaanter Atmosphär auskléngen ze loossen.
Bei gudder Stëmmung hu sech d’Membere vun de verschiddene Cerclen am Wellem getraff, fir sech auszetauschen, nei Kontakter ze knäppen an e gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen. Esou Eventer bidden eng flott Méiglechkeet, de Réseau tëscht de Studenteveräiner ze stäerken an och ausserhalb vum Studium Zäit mateneen ze verbréngen.
Mir soe jidderengem Merci, dee laanscht komm ass, a freeën eis schonn op déi nächst gemeinsam Eventer! 🍻
Äre ANEIL Comité
