
Visitte Cern

Léif ANEIL Memberen,
mir invitéieren iech häerzlech op eng eenzegaarteg Visitt beim CERN zu Genève – ee vun de bedeitendste Fuerschungszentren op der Welt.
De Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire, kuerz CERN, ass virun allem bekannt fir den Large Hadron Collider (LHC), de gréisste Partikelbeschleuneger op der Welt. Hei gouf ënner anerem den Higgs-Boson nogewisen – eng wichteg Entdeckung fir d’Verständnis vum Universum.
Kommt mat a kritt en exklusiven Abléck an d’Welt vun der moderner Physik, innovativer Technologie a weltwäiter Zesummenaarbecht.
Wat erwaart iech bei der Visitt?
- Presentatioun vum CERN an senge Fuerschungsberäicher
- Abléck an d’Aarbecht ronderëm Partikelphysik an High-Tech-Infrastrukturen
- Spannend Erklärungen zum LHC an aner Experimenter
- Méiglechkeet Froen un Expert*innen ze stellen
Praktesch Informatiounen:
📅 Datum: 29. Mee 2026
🕒 Rendez-vous: 13:30 Auer
📍 Standuert:
Visitor Reception
CERN Community Support – Science Gateway
Esplanade des Particules
1217 Meyrin (Schwäiz)
🚗 Transport:
Den Transport muss jidderee selwer organiséieren. Mir recommandéieren Covoiturage – eng WhatsApp-Grupp gëtt nach organiséiert.
🛏️ Iwwernuechtung:
Bei Bedarf kucke mir no Schlofméiglechkeeten bei eise Kollegen zu Zürich.
🍻 No der Visitt:
Am Uschloss gi mir nach eppes zesummen drénken – d’ANEIL gëtt e Patt!
👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link, wann dir dobäi wëllt sinn.
Mir freeën eis op eng spannend an aussergewéinlech Visitt mat Iech! 🚀
Äre ANEIL Comité 🧡
