Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
  • Visitte BABOR Beauty Cluster

    Léif Memberen vun der ANEIL, mir invitéieren iech häerzlech op eng exklusiv Visite vun der BABOR BEAUTY GROUP – engem inhabergeféierte Familljebetrib an engem Global Player am Beauty-Business. Herzstéck vum Erfolleg ass d’Mark BABOR, déi fir Expert Skincare Made in Germany steet. D’Entreprise schafft weltwäit mat ronn 1000 Mataarbechter*innen a vermarkt hir Marken an iwwer 70 Länner. Zu Oochen an […]

  • Online Interview Cours

    Nom Succès vun eisem CV - Cours ufank Oktober bidde mir eise Memberen mat eisem éischten Interview Cours den nächsten Deel un. Eisen Interview Cours riicht sech u Studentinnen a Studenten, déi sech op e Stage oder op hir éischt Arbeschtsplaz virbereeden. Geleet vun enger Expertin, der Mme Diane Ries, kritt dir hei wichteg Tipps […]

  • ANEIL BRUNCH/WELCOME DAY

    Heimat invitéiere mir iech häerzlech op eisen alleréischten Welcome Day! Dëse fënnt den 20. Dezember am Forum Da Vinci statt an ass en Event, bei deem eis nei Memberen d’ANEIL besser kenneléieren an och ënnertenee Kontakter knäppe kënnen. Natierlech ass dëst Event och fir all aner Member eppes! De Welcome Day ass als Brunch gestalt, […]

  • Assemblée générale 2025

    ⚡️Léif Memberen⚡️ och dëst Joer fënnt eis Assemblée générale den 21.12 am Forum DaVinci um 11:30 Auer statt. 📍 Mir freeën eis op lech! ☺️ Äre Comité

  • ANEIL Quiz 2025

    Bass du prett däi Wëssen ze testen? Da komm op den ANEIL’s Quiz! (Denk-) Sportler:innen opgepasst! Mir testen eis Kandidat:innen a ganz ënnerschiddleche Kategorien op ganz ënnerschiddlechen Niveauen, esou dass fir Jiddereen:t eppes dobäi ass. Natierlech ginn et och flott Präisser ze gewannen, maacht dofir är Bicher op bzw. dat wat dir virun den Exame […]

  • Wanterpatt ANEIL x ANELD x ALEM x ANESEC

    D’ANEIL, d’ANELD, d’ALEM an d’ANESEC heeschen all hir Memberen häerzlech wëllkomm op e gemittleche Wanterpatt um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss an der Stad. Kommt laanscht fir mat eis e Glühwäin oder e Schocki ze drénken an d’Feierdeeg an enger agreabeler Atmosphär ze verbréngen. ⭐️ 🌨️ Mir gesinn eis Sonnden, den 21. Dezember 2025, ab 18h00 um […]

  • Visitt Creos – Poste blindé Blooren

    Creos Itzig https://maps.app.goo.gl/qvGtvkjSfJjfjt367

    Léif Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend Visitt, bei där dir en detailléierten Abléck an d’elektresch Energie-Infrastruktur kritt. Creos stellt zanter 2009 en Deel vun der lëtzebuergescher Gas- a Stroumversuergung sécher an ass domat e wichtege Pilier vun eiser Energie-Infrastruktur. 👀 Wat erwaart iech? Besichtegung vun enger 220 kV Schaltanlag Abléck an 2 […]

  • ANEIL Meeting 2026

    Forum Geesseknäppchen 40 Bd Pierre Dupong, Hollerich, Luxembourg

    🔬⚙️ Den ANEIL Meeting ass dat greissten Event vun der ANEIL, bei deem Studenten d’Méiglechkeet kréien, Entreprisen aus dem MINT-Beräich kennenzeléieren an en authenteschen Abléck an d’Beruffswelt ze gewannen. 🤝 Nieft de Presentatioune vun eise Partneren bitt den Event eng exzellent Geleeënheet, fir mat ronn 20 verschiddene Firmen a Partner direkt an d’Gespréich ze kommen […]

  • Visitt Philharmonie

    Philharmonie 1 Pl. de l'Europe, Clausen, Luxembourg

    🎼 Mir invitéieren iech op eng spannend technesch Visitt an der Philharmonie, bei där dir en exklusiven Abléck hannert d’Kulisse vun dësem aussergewéinleche Gebai kritt. Während der Visitt erkläert den Head of Technical Division déi technesch Aspekter vun der Philharmonie, dorënner Tountechnik, Videotechnik an d’Architektur vum Gebai. Dëst ass eng flott Geleeënheet fir ze verstoen, […]

  • Visitt Airtech

    Airtech 18, ZI Haneboesch, Differdange, Luxembourg

    Léif Memberen vun der Aneil,   mir invitéieren iech häerzlech op eng exklusiv Visite bei Airtech Europe Sarl – de europäesche Sëtz vum Airtech Advanced Materials Group, dem Weltleader an innovativen Materialien fir Kompositprodukter. Zanter 1991 entwéckelt an distribuéiert Airtech Materialien fir d’Produktioun vu Kompositstécker a Mësselen, mat Léisungen fir Infusioun, Pré-impregnéierter Stoff, Autoklaven a […]

  • Online Interview Cours

    Léiwen ANEIL-Member, fir dass du optimal op deng Aarbechtsgespréicher virbereet bass, bidde mir och dëst Joer erëm eisen “Interview”-Cours un. De Cours gëtt vun Madamm Ries geleet, déi der vläicht schonn aus dem CV-Check um Meeting kennt. Mat hirer Erfahrung gëtt si dir wäertvoll Tipps a konkret Strategien, fir dech bei dengem nächste Interview ze […]

  • Visitte Cern

    CERN Esplanade des Particules, Meyrin, Switzerland

    Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech op eng eenzegaarteg Visitt beim CERN zu Genève – ee vun de bedeitendste Fuerschungszentren op der Welt. De Conseil Européen pour la Recherche Nucléaire, kuerz CERN, ass virun allem bekannt fir den Large Hadron Collider (LHC), de gréisste Partikelbeschleuneger op der Welt. Hei gouf ënner anerem den Higgs-Boson […]

Menü schließen