Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Studentenbaal

Juli 3 @ 20:00 - Juli 4 @ 03:00

Den 3. Juli war d’ANEIL um Studentebal vertrueden an hat zesumme mat der ALEM e gemeinsame Stand.

Vun 20:00 Auer un hu mir eis ëm de Verkaf vu Cocktailer a Mocktailen gekëmmert an zesumme fir eng flott Atmosphär gesuergt. Besonnesch eise WD40-Cocktail mat sengem frësche Maracuja-Goût war e richtege Publikumsléifsten a gouf de ganze Owend iwwer mat vill Begeeschterung bestallt.

Fir nach e bësse méi Animatioun ze bidden, hu mir eng Sport-Challenge organiséiert. Dobäi konnten d’Participanten hire Rekord u Push-ups testen an haten d’Méiglechkeet, e gratis Mocktail oder 1 € Remise op e Cocktail ze gewannen.

Et war eng gelongen Nuecht mat enger super Stëmmung, vill flotten Begegnungen an enger exzellenter Zesummenaarbecht mat der ALEM. Mir soe jidderengem Merci, dee laanscht komm ass, eise Stand besicht oder eis ënnerstëtzt huet. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun vum Studentebal! 🍹🎉

Details

  • Beginn: Juli 3 @ 20:00
  • Ende: Juli 4 @ 03:00

Veranstalter

  • ACEL

Veranstaltungsort