• AG2024

    De 22. Dezember huet d’ANEIL hier traditionell Assemblée Générale Ordinaire a Extraordinaire am Forum Da Vinci ofgehalen. Nodeems jiddereen agetraff war an sech bësse mat Pizza a Gedrénks konnt stäerken, goung et dann och scho lass. Ugefaangen huet d‘ AG mat der AG Extraordinaire wou puer kleng Ännerungen vun de Statuen ofgestëmmt goufen an dono […]

  • Exklusiv Visit bei Editpress – D’lescht grouss Zeitungsdruckerei am Land!

    Léif Memberen vun der Aneil, Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eng eenzegaarteg Visitt bei der Druckerei Editpress zu Esch-Uelzecht, den 11. Juli 2025. Et ass déi lescht Presse-Rotative hei am Land – an Dir kritt d’Chance, hanner d'Kulisse vum Zeitungsdrockze kucken. Fir dat d'Zeitunge mat den neisten Informatioune moies prett an der Boîte sinn, lafen d'Maschinnen […]

  • Studentenfoire

    D’Studentefoire ass de Rendez-vous vum Hierscht, deen een net verpassen däerf! Du hues wärend 2 Deeg d’Geleeënheet, dech bei iwwer 150 Aussteller aus der ganzer Welt ze informéieren. Hei fënns du Vertrieder vun Héichschoulen, Associatiounen, Studentevereenegungen a Verwaltungen. All dës Uspriechpartner kënnen dech beim Choix vun dengem Studium beroden an dech iwwer all d’Aspekter vum […]

  • Prix d’excellence Enovos 2025

    📢 Dir stitt kuerz virum Ofschloss vun Ärem Ingenieursstudium? D'Fondation Enovos belount all Joer di bescht Ofschlossaarbechten mat engem Präisgeld vun 2500 €. Reecht Är Aarbecht eran a beandrockt eng fachkundeg Jury mat Ärem Bäitrag zu den Theme Energie an Nohaltegkeet. Maacht elo mat! 🥇 🌐Méi Infos hei