Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Exklusiv Visit bei Editpress – D’lescht grouss Zeitungsdruckerei am Land!

Juli 11 @ 20:00

Léif Memberen vun der Aneil,
Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eng eenzegaarteg Visitt bei der Druckerei Editpress zu Esch-Uelzecht, den 11. Juli 2025. Et ass déi lescht Presse-Rotative hei am Land – an Dir kritt d’Chance, hanner d’Kulisse vum Zeitungsdrockze kucken.
Fir dat d’Zeitunge mat den neisten Informatioune moies prett an der Boîte sinn, lafen d’Maschinnen nuets duerch. Dofir opgepasst des Visitt ass Owes um 22:00!

🖨️ Wat gëtt et ze gesinn?
•    Editpress huet eng KBA Maschinn, déi am Joer 2000 a Betrieb gaang ass
• Iwwer 500.000 Zeitungen/Woch ginn hei gedréckt
• Zeitungen am Berliner Format
• Nëmmen hei gëtt mat dem Label „Printed in Luxembourg“ gedréckt
• Gedréckt ginn z. B. Tageblatt, L’Essentiel, Télé-Revue, Lëtzebuerger Land, Kulturissimo, an nach vill méi

📅 Programm
• 20:00 – Rendez-vous an der Pizzeria L’Osteria (Esch-Uelzecht). Den éischten Drink geet op d‘Aneil
• 21:45 – Treffpunkt virun der Editpress
• 22:00 – Start vun der Visitt
📍 Treffpunkt
• Editpress, Esch-Uelzecht (7 Av. du Rock’n’Roll, 4361 Esch-Belval Esch-sur-Alzette)
• Max. 20 Participanten – schnell umellen ënnert  folgenden Link

Details

Datum:
Juli 11
Zeit:
20:00