
Visitt Philharmonie

🎼 Mir invitéieren iech op eng spannend technesch Visitt an der Philharmonie, bei där dir en exklusiven Abléck hannert d’Kulisse vun dësem aussergewéinleche Gebai kritt.
Während der Visitt erkläert den Head of Technical Division déi technesch Aspekter vun der Philharmonie, dorënner Tountechnik, Videotechnik an d’Architektur vum Gebai. Dëst ass eng flott Geleeënheet fir ze verstoen, wéi modern Technologie an Architektur zesummespillen, fir Concerten op héchstem Niveau méiglech ze maachen.
✨ Wat erwaart iech op der Visitt?
- 🎧 Abléck an d’Toun- a Videotechnik vun der Philharmonie
- 🏛 Erklärung vun der besonnescher Architektur an der Akustik vum Gebai
- 👨‍🔧 Hannert-d’Kulissen Tour mam Head of Technical Division
đź“… Praktesch Informatiounen
đź—“ Datum: Samschdeg, 04.04.2026
⏰ Auerzäit: 10:30
⏳ Dauer: ca. 1h30 – 1h45
📍 Standuert: Philharmonie Lëtzebuerg
🗣 Sprooch: Lëtzebuergesch
🚪 Remarque: Entrée net duerch d’Haaptentrée, mee duerch d’Entrée des artistes (riets vum Gebai a Richtung Schuman-Gebai).
D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un op dësem Link!
Äre Comité 🧡
