
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
ANEIL Meeting 2026

🔬⚙️ Den ANEIL Meeting ass dat greissten Event vun der ANEIL, bei deem Studenten d’Méiglechkeet kréien, Entreprisen aus dem MINT-Beräich kennenzeléieren an en authenteschen Abléck an d’Beruffswelt ze gewannen.
🤝 Nieft de Presentatioune vun eise Partneren bitt den Event eng exzellent Geleeënheet, fir mat ronn 20 verschiddene Firmen a Partner direkt an d’Gespréich ze kommen an wäertvoll Kontakter ze knäppen.
🍻 Fir den Dag a geselleger Atmosphär auskléngen ze loossen, treffe mir eis traditionell beim ANEIL Fräibéier.
📝 D’Umeldung fannt dir ennert dësem Link.
Mir freeën eis op dech!
Däin ANEIL Comité 🧡
📋 Program
🕒 15:00 – Accueil
🎤 15:30 – Meeting
⭐️ Virwuert
🏢 Präsentatioune vun de Partner
💬 Diskussiounsronn
18:00 – Networking
🏢 Partnerfoire
📄 CV-Check & 📸 CV-Foto
🍽 Walking Dinner
21:00 – Fräibéier an der Big Beer Company
🚨 Separat Umeldung néideg ennert dësem Link.
ℹ️ Praktesch Informatiounen
📅 Datum: 03.04.2026
📍 Standuert: Forum Geesseknäppchen
🕒 Auerzäit: 15:00
