
Visitt Creos – Poste blindé Blooren

Léif Memberen,
mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend Visitt, bei där dir en detailléierten Abléck an d’elektresch Energie-Infrastruktur kritt.
Creos stellt zanter 2009 en Deel vun der lëtzebuergescher Gas- a Stroumversuergung sécher an ass domat e wichtege Pilier vun eiser Energie-Infrastruktur.
👀 Wat erwaart iech?
- Besichtegung vun enger 220 kV Schaltanlag
- Abléck an 2 Trafostatiounen
- Entdeckung vun enger 65 kV Schaltanlag
- Erklärungen zum Mëttelspannungsnetz
- Aféierung an Steier- a Schutztechnik
💡 Eng eemoleg Geleeënheet, fir d’Praxis hannert eiser Energieversuergung besser ze verstoen!
ℹ️ Praktesch Informatiounen
📅 Datum: Freideg, 03.04.2026
⏰ Treffpunkt: 09:45
🕒 Start: 10:00
📍 Standort: https://maps.app.goo.gl/qvGtvkjSfJjfjt367
👥 Limitéiert op 20 Leit (wéinst limitéierter Plaz)
🥐 Catering: Klengen Catering mat Bréidecher a Softdrinks gëtt ugebueden
🚨 D’Plaze si limitéiert – also séier umellen iwwer dëse Link!
Mir freeën eis op eng spannend an technesch interessant Visitt mat iech!
Äre Comité 🧡
