Member ginn
Wien ka Member vun der ANEIL ginn?
Member ka ginn all lëtzebuerger Ingenieur-, Architektur-, Physik-, Mathé-, Chimie-, Bio- , Informatik- oder MINT-Student esou wéi all Wirtschaftsingenieursstudent, dee méi wéi 50% Ingenieursfächer beleet. Doktoranden oder Assistenten an dëse Fachrichtungen kënnen laut Statuten leider keen Membre Acrif ginn, mee dofir awer Membre Ancien oder Donnateur.
Wéi ginn ech Member vun der ANEIL?
D’ANEIL gëtt gefouert vun dëse Studenten, déi sech all puer Woche versammelen. A verschiddenen Unisstied hu mir Delegéierter, un déi’s du dech kanns wennen.
Alternativ kanns de den Online Formular ausfëllen. Du bass awer eréischt Member wann’s du 5 Euro (respektiv 10 fir Ancien) op de Kont vun der ANEIL IBAN LU54 0019 4200 0727 3000, bei der Spuerkeess (BIC/Swift: BCEELULL) iwwerwisen hues, mam Vermierk „Däin Numm – Cotisatioun“.
Wann’s du scho fäerdeg bass mat studéieren, da kanns du Donateur ginn. Gëff dat am Formular an an der Iwwerweisung un.