Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Rees op London

Oktober 1 - Oktober 5

Léif ANEIL Memberen,

No ärem Vott steet d’Destinatioun fest: D’ANEIL Rees 2026 féiert eis op London! 🇬🇧

London ass bekannt fir seng faszinéierend Mëschung aus moderner Ingenieurskonscht, räicher Geschicht a weltbekannter Kultur. Wärend dëser Rees entdeckt dir net nëmmen déi technesch Säit vun der Stad, mee hutt och genuch Zäit, fir London op eege Fauscht z’erliewen.


Wat erwaart iech op der Rees?

  • Technesch Visitten, ënner anerem bei der Thames Barrier, dem National Grid (London Power Tunnels), den Hidden London Tours an der Crossness Pumping Station
  • Kulturell Highlights wéi de British Museum, d’Tower Bridge, de Sky Garden an e Musical
  • Fräizäit, fir London op eege Fauscht z’entdecken
  • Eng flott Geleeënheet, fir zesumme mat aneren ANEIL Memberen e puer onvergiesslech Deeg ze verbréngen

Praktesch Informatiounen:

📅 Datum:

  1. Oktober 2026 (Nomëtten) – 5. Oktober 2026 (Mëttes)

📍 Iwwernuechtung:

Urbany Hostel London

48–49 Prince’s Square

W2 4PX London

United Kingdom

🛏️ Ënnerkonft:

Mir iwwernuechten an enger Jugendherberg a Kummeren vu 4 bis maximal 6 Persounen. Toiletten a Buedzëmmer si gemeinschaftlech um Gank.

👥 Participanten:

Limitéiert op 18 Persounen.

Prioritéit hunn d’membres actifs vun der ANEIL. D’Umeldunge gi nom Prinzip “first come, first served” behandelt.

💶 Käschten:

Fir d’Reservatioun vun der Plaz ass en Accompte vun 100 € néideg. Sollten déi definitiv Käschte méi niddreg ausfalen, kritt dir den Ënnerscheed zeréck.

Am Präis abegraff sinn:

  • De gemeinsame Programm zu London
  • D’Iwwernuechtunge mat Moiesiessen
  • Den Transport zu London
  • All Dag een Owesiessen

Net abegraff ass den Transport op London, deen all Participant selwer organiséiert.

🛂 Wichteg:

Fir d’Rees ass e gültege Pass obligatoresch.

Zousätzlech muss am Virfeld eng Electronic Travel Authorisation (ETA) ugefrot ginn. Dës kascht 20 £ an ass fir zwou Joer gülteg.

👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link!

No der Umeldung kritt dir eng Confirmatiounsmail. Bannent 10 Deeg ass den Accompte vun 100 € ze iwwerweisen. Eréischt dono ass är Umeldung definitiv.

Nodeems d’Participanten feststinn, maache mir eng WhatsApp-Grupp, fir déi weider Organisatioun an Informatiounen ze deelen.

Mir freeën eis drop, zesumme mat iech eng spannend Stad mat vill Technik, Kultur a gudder Gesellschaft ze entdecken! 🇬🇧✈️

Äre ANEIL Comité

Details

  • Beginn: Oktober 1
  • Ende: Oktober 5

Veranstalter

  • ANEIL

Veranstaltungsort

  • London