
CV Cours

Léif ANEIL Memberen,
e gudde CV ass dacks den éischten Androck, deen dir bei enger Bewerbung hannerloosst. Dofir invitéiere mir iech häerzlech op eisen online CV-Cours, wou dir wäertvoll Tipps kritt, fir ären CV professionell an iwwerzeegend opzebauen.
Zesumme mat enger Expertin kucke mir, wat an e modernen CV gehéiert, wéi dir är Kompetenzen am beschte presentéiert a wat Recruiter besonnesch oppfällt. Egal ob dir op der Sich no engem Stage, enger éischter Aarbechtsplaz sidd oder äre CV fir zukünfteg Bewerbunge verbessere wëllt – dëse Cours ass fir jiddereen interessant.
Wat erwaart iech beim Cours?
- Presentatioun vun de wichtegste Bestanddeeler vun engem gudde CV
- Tipps fir e professionellt an iwwersiichtlecht Layout
- Heefeg Feeler a wéi een se vermeit
- Praktesch Rotschléi vun enger Expertin
- Zäit fir Froen an Austausch
Praktesch Informatiounen:
📅 Datum: 22. Oktober 2026
🕕 Zäit: 18:00 Auer
💻 Format:
Online (de Link gëtt no der Umeldung matgedeelt)
👥 Participanten:
Op fir all ANEIL Memberen
👉 Den Link fir d’Umeldung kennt nach no!
Mir freeën eis op eng interessant an hëllefräich Sessioun mat iech!
Äre ANEIL Comité
