Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitte Cattenom

Juni 22 @ 14:00 - 17:00

Léif ANEIL Memberen,

mir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt beim Centrale nucléaire de Cattenom – ee vun de wichtegste Kraaftwierker an der Groussregioun.

Dëst Atomkraaftwierk, bedriwwe vun EDF, spillt eng zentral Roll an der Energieversuergung an bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet, hannert d’Kulisse vun der Energieproduktioun ze kucken.

Kommt mat a kritt en direkten Abléck an d’Funktioun vun engem Atomkraaftwierk an entdeckt d’Installatiounen aus nächster Noperschaft.


Wat erwaart iech bei der Visitt?

  • Presentatioun vum Site an der Energieproduktioun
  • Abléck an d’Funktioun vun engem Atomkraaftwierk
  • Geféiert Visitt vun den InstallatiounenExklusiven
  • Accès an de Salle des machines
  • Méiglechkeet fir Froen un Expert*innen ze stellen

Praktesch Informatiounen:

📅 Datum: 22. Juni 2026

🕒 Zäit: 14:00 – 17:00 Auer

📍 Standuert:

Espace EDF Odyssélec

BP41, 57570 Cattenom (Frankräich)

👥 Participanten:

Limitéiert op 16 Persounen

🪪 Wichteg:

Fir d’Visitt ass eng Carte d’identité obligatoresch.

Zousätzlech muss eng Lëscht mat perséinlechen Donnéeën (Excel) spéitstens 1 Mount am Viraus agereecht ginn.

🚗 Transport:

Den Transport muss jidderee selwer organiséieren (Covoiturage recommandéiert).

👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link!

Mir freeën eis op eng interessant an technesch faszinéierend Visitt mat Iech ⚡

Äre ANEIL Comité 🧡

Details

Veranstalter

  • ANEIL

Veranstaltungsort