
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
AG2024

De 22. Dezember huet d’ANEIL hier traditionell Assemblée Générale Ordinaire a Extraordinaire am Forum Da Vinci ofgehalen. Nodeems jiddereen agetraff war an sech bësse mat Pizza a Gedrénks konnt stäerken, goung et dann och scho lass. Ugefaangen huet d‘ AG mat der AG Extraordinaire wou puer kleng Ännerungen vun de Statuen ofgestëmmt goufen an dono direkt mat der AG Ordinaire. No engem Joer voller interessanter Aktivitéite war de Réckbléck op den Aktivitéitsbericht deementspriechend laang. Dorun uschléissend gouf de Keesebericht vum Joer 2024 virgestallt. Uschléissend goung et ëm d’Kompositioun vum neie Comité. Mir soen all deenen déi de Comité verlooss hunn op dëser Plaz villmools Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Comité a wënschen hinnen all Guddes fir hier Zukunft.Bei der Wal vum neie Comité sinn eis eng Partie al Gesiichter aus dem ale Comité erhaale bliwwen, ma et koumen dëst Joer awer och sechs nei Leit an de Comité dobäi. Den Comité vun der ANEIL setzt sech dëst Joer wéi follegt zesummen:
President: Francois Welter
Vize-Presidentin: Barbara Hougardy
Sekretärin: Claudia Welter
Tresorière: Maya Lenertz
Sponsoring:Tom Philippe
Informatiker: Alain Jacobs
Studieninformatiounen: Théo Fonck
Publikatiounen: Chloé Feypel
Events: Till Winzen an Sven Krier
Visitten: Lisa Schweig
Social Media: Pit Faber
Comitésmember: Ricco Tornamb