
Wanterpatt ANEIL x ANELD x ALEM x ANESEC
Dezember 21 @ 18:00

D’ANEIL, d’ANELD, d’ALEM an d’ANESEC heeschen all hir Memberen häerzlech wëllkomm op e gemittleche Wanterpatt um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss an der Stad. Kommt laanscht fir mat eis e Glühwäin oder e Schocki ze drénken an d’Feierdeeg an enger agreabeler Atmosphär ze verbréngen. ⭐️ 🌨️
Mir gesinn eis Sonnden, den 21. Dezember 2025, ab 18h00 um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss.
Déi genee Plaz kritt dir e puer Deeg virdru matgedeelt. 🎄
Mellt iech iwwer de Link un, fir dass mir besser plange kënnen.
Mir freeën eis op ierch a bis geschwënn! 🎅🏼
