
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Visitte BABOR Beauty Cluster

| Léif Memberen vun der ANEIL, mir invitéieren iech häerzlech op eng exklusiv Visite vun der BABOR BEAUTY GROUP – engem inhabergeféierte Familljebetrib an engem Global Player am Beauty-Business. Herzstéck vum Erfolleg ass d’Mark BABOR, déi fir Expert Skincare Made in Germany steet. D’Entreprise schafft weltwäit mat ronn 1000 Mataarbechter*innen a vermarkt hir Marken an iwwer 70 Länner. Zu Oochen an am no geleene Produktiounscluster zu Eschweiler porduzéiert BABOR op modernste Niveau, mat eegene Laboren an enger déifer, eegener Wäertschöpfungskette. Déi jorzéngtelaang Expertise an der Expertenkosmetik ass Basis fir héichqualitativ, individuell Hautpfleeg. Wat erwaart iech bei der Visitt? D’Visitt féiert eis an dat neit BABOR BEAUTY CLUSTER zu Eschweiler – ee vun de fortschrëttlechsten, nohaltegsten Produktiouns- a Logistikzentren an der Branche. Beim Bau goufe ganz héich Nohaltegkeets-Standarde respektéiert: 🏗 Nohaltegkeet & Energie
Programmablaf (14:00–17:00 Auer) 1) Présentation
2) Geféiert Tour duerch de Cluster Mat Abléck an:
Dir kritt also en ëmfaassenden Abléck an d’Aarbecht vun engem héichinnovativen Industriekomplex – spannend fir all Fachrichtung, vum Bauingenieurwiesen iwwer Maschinnebau bis an d’Chemie. Praktesch Informatiounen 📅 9. Dezember 2025 🥾 Dir braucht Secherheetsschung, drenkt also w.e.g. drun dei mat zehuelen! Umeldung (limitéiert Plazen!)
Mir freeën eis op eng spannend a léierräich Visite!
Dein Comité 🧡 |
