Eis kommend Eventer
Visitten, Messen a Workshops vun der ANEIL. Fir dech unzemellen, brauchs du en Account.
Eis vergaange Events
13. Nov
5. Nov
30. Okt
29. Okt
22. Okt
1. Okt
17. Jul
3. Jul
3. Jul
26. Jun
11. Jun
29. Mee
23. Abr
7. Abr
4. Abr
3. Abr
3. Abr
21. Dez
20. Dez
20. Dez
11. Dez
9. Dez
27. Nov
21. Nov
31. Okt
30. Okt
11. Jul
22. Dez
19. November · 10:00 – 20:30
Visitt Formnext
📍 Messe Frankfurt, Ludwig-Erhard-Anlage 1, D-60327 Frankfurt am Main
Léif ANEIL Memberen, mir invitéieren iech häerzlech, gratis mat der ANEIL op d’Formnext 2026 ze kommen, déi international Fachmass a Konferenz fir Additive Manufacturing an industriellen 3D-Drock, déi vum 17. bis den 20. November 2026 zu Frankfurt stattfënnt. Op der… Méi liesen ▾Manner ▴
Léif ANEIL Memberen,
mir invitéieren iech häerzlech, gratis mat der ANEIL op d’Formnext 2026 ze kommen, déi international Fachmass a Konferenz fir Additive Manufacturing an industriellen 3D-Drock, déi vum 17. bis den 20. November 2026 zu Frankfurt stattfënnt.
Op der Formnext presentéieren all Joer iwwer 800 Aussteller virun méi wéi 38.000 Besucher aus der ganzer Welt hir Neiegkeeten: vun industriellen 3D-Drécker iwwer Materialien a Software bis bei d’Nobehandlung (Post-Processing). Do gëtt déi ganz Prozesskette vum Additive Manufacturing ënner engem Daach gewisen.
Dëse Besuch bitt iech eng eenzegaarteg Geleeënheet, déi neist Trends am 3D-Drock live z’entdecken, mat Firmen an Expert*innen a Kontakt ze kommen an en Abléck an d’Zukunft vun der Produktioun ze kréien. An dat Bescht: D’ANEIL rembourséiert iech den Ticket!
Wat erwaart iech op der Formnext?
- Déi neist industriell 3D-Drécker fir Metall a Polymeren
- Innovatioune bei Materialien, Software an Automatiséierung
- Presentatiounen iwwer aktuell Trends am Additive Manufacturing
- Sonnerschauen a Guided Tours zum Post-Processing
- Méiglechkeet fir Froen un Expert*innen ze stellen a Kontakter mat Firmen ze knëppen
Wéi leeft et of?
- Dir kaaft iech online e Studententicket op formnext.mesago.com. Dir musst do e Noweis eroplueden, datt dir Student*in sidd.
- Dir schéckt är Quittung un alex.colling@aneil.lu.
- Dir kritt den Ticketpräis vun der ANEIL rembourséiert!
- Dir kommt den 19. November op Frankfurt.
Praktesch Informatiounen:
📅 Datum: 19. November 2026
🕒 Zäit: ab 10:00 Auer
📍 Standuert:
Messe Frankfurt
Ludwig-Erhard-Anlage 1
D-60327 Frankfurt am Main, Däitschland
🚗 Transport:
Den Transport organiséiert jidderee selwer. No der Umeldungsfrist gëtt eng WhatsApp-Grupp erstallt, fir de Covoiturage ze koordinéieren.
✉️ Froen:
Bei Froen mellt iech gär ënner alex.colling@aneil.lu.
👉 Mellt iech elo un iwwer dëse Link!
Mir freeën eis op en Dag voller Innovatioun am 3D-Drock mat iech! 🚀
Ären ANEIL Comité 🧡
28. November · ganzen Dag
Student fir 1 Dag
📍 Campus Belval, 11 Prte des Sciences, 4366 Belval Esch-sur-Alzette
Léif ANEIL Memberen, Bass du interesséiert un engem Ingenieursstudium, mee weess nach net genee, wat dech op der Uni erwaart? Da notz d’Geleeënheet a maach mat bei Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen! D’ANEIL… Méi liesen ▾Manner ▴
Léif ANEIL Memberen,
Bass du interesséiert un engem Ingenieursstudium, mee weess nach net genee, wat dech op der Uni erwaart? Da notz d’Geleeënheet a maach mat bei Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen!
D’ANEIL vertrëtt och dëst Joer de Beräich Ingenieurwëssenschaften um Campus Belval. Zesumme mat eise Memberen hues du d’Méiglechkeet, en authenteschen Abléck an den Alldag vun engem Ingenieursstudent ze kréien. Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen, beäntweren deng Froen a weisen dir, wat dech an engem Ingenieursstudium erwaart.
Egal ob s du nach onsécher bass, wéi eng Fachrichtung déi richteg fir dech ass, oder einfach méi iwwer de Studium an d’Beruffsméiglechkeete gewuer wëlls ginn – Student fir 1 Dag ass déi ideal Geleeënheet, fir dech ze informéieren an aner Studente kennen ze léieren.
👉 Fir d’Umeldung an all weider Informatiounen, kuck einfach op de folgende Link:
Mir freeën eis, dech um Campus Belval begréissen ze kënnen!
Äre ANEIL Comité
✓ Keng Umeldung hei um Site.
