- Since 1958 -

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

Wat ass d'ANEIL?

D‘ „Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois“, gegrënnt 1958, ass den eenzege Veräin, deen d’Interesse vum lëtzebuerger Ingénieursstudent vertrëtt. Si ass politesch, ideologesch a konfessionnell neutral.

Fir ween ass d'ANEIL?

D’ANEIL representéiert 300-350 Studenten, déi gréisstendeels Maschinnebau, Bauingenieur, Chimie, Biologie, Physik, Elektrotechnik, Informatik, Mathematik an Architektur studéiren an dat a ganz Europa, vierun allem an Däitschland, der Schwäiz, der Belsch, Frankräich, Éisterräich an England.

Nächst Eventer

Du hues de 17. an 18. Oktober nach näischt vir? Da komm mat der ANEIL op Innsbruck! 🇦🇹
De 17. Oktober starte mir um 9:30 mat enger Baustellebesichtegung vum Brenner Basistunnel, wou déi längsten ënnerierdesch Eisebunnsverbindung entsteet.

Den 18. Oktober geet et um 9:00 lass mat enger Wierksbesichtegung vun der Firma Liebherr zu Telfs, wou mir een eemolege Bléck hannert d’Kulisse kréien.
🎟️ Du kanns dech gratis umellen an d’Plazen si limitéiert, also: First come, first served!
Fir dat Ganzt ofzeronnen, gëtt d’ANEIL Donneschdeg owes e Patt. 🥂

Co-Voiturage fir op Innsbruck ass erwënscht a kann dono an der Whatsappgrupp geplangt ginn.
Du hues Zäit a Loscht eis ze begleeden ?

Hei kanns du dech umellen.

Spëtz dir gutt d’Ouere, well et ass nees sou wäit:

Wéi Joer fënnt och dëst Joer eng EYE (European Young Engineers) Konferenz am Hiersch statt. Dëst Joer ass dobäi ganz speziell well se déi 1. Kéier zu Lëtzebuerg vum 10. bis den 13.10 ausgedroe gëtt. 🥳🇱🇺🇱🇺🥳.

🤔Du bass interesséiert u spannende Visitten, Networking a méi aus der Ingenieurswelt a ganz Europa z’entdecken, dann ass d’EYE genee dat Richteg fir dech.

🎟️Bis e Freide kanns du nach Tickete kréien. Déi kanns du ganz einfach ënnert dësem Link kafen!

ℹ️ Wichteg: Als ANEIL-Member profitéiers du vum gënstëgen „Standard-EYE“ Ticket a kriss uewen drop nach nach eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Participatioun!

👀An bleif fir déi nächst Deeg gespaant: Méi Posts wäerten nach kommen

Mir freeën eis dech op der EYE zu Lëtzebuerg ze gesinn. 🧡

Du wëllst ëmmer um néisten Stand bleiwen &
wëssen wat fir eng Eventer virun der Dier stinn ?

Dann join eis nei Whatsapp-Grupp💚