BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//ANEIL - ECPv6.17.0//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-ORIGINAL-URL:https://aneil.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für ANEIL
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Luxembourg
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20260329T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20261025T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20270328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20271031T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261001
DTEND;VALUE=DATE:20261006
DTSTAMP:20260705T194234Z
CREATED:20260705T194122Z
LAST-MODIFIED:20260705T194234Z
UID:9330-1790812800-1791244799@aneil.lu
SUMMARY:Rees op London
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nNo ärem Vott steet d’Destinatioun fest: D’ANEIL Rees 2026 féiert eis op London! 🇬🇧 \nLondon ass bekannt fir seng faszinéierend Mëschung aus moderner Ingenieurskonscht\, räicher Geschicht a weltbekannter Kultur. Wärend dëser Rees entdeckt dir net nëmmen déi technesch Säit vun der Stad\, mee hutt och genuch Zäit\, fir London op eege Fauscht z’erliewen. \n\nWat erwaart iech op der Rees? \n\nTechnesch Visitten\, ënner anerem bei der Thames Barrier\, dem National Grid (London Power Tunnels)\, den Hidden London Tours an der Crossness Pumping Station\nKulturell Highlights wéi de British Museum\, d’Tower Bridge\, de Sky Garden an e Musical\nFräizäit\, fir London op eege Fauscht z’entdecken\nEng flott Geleeënheet\, fir zesumme mat aneren ANEIL Memberen e puer onvergiesslech Deeg ze verbréngen\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: \n\nOktober 2026 (Nomëtten) – 5. Oktober 2026 (Mëttes)\n\n📍 Iwwernuechtung: \nUrbany Hostel London \n48–49 Prince’s Square \nW2 4PX London \nUnited Kingdom \n🛏️ Ënnerkonft: \nMir iwwernuechten an enger Jugendherberg a Kummeren vu 4 bis maximal 6 Persounen. Toiletten a Buedzëmmer si gemeinschaftlech um Gank. \n👥 Participanten: \nLimitéiert op 18 Persounen. \nPrioritéit hunn d’membres actifs vun der ANEIL. D’Umeldunge gi nom Prinzip “first come\, first served” behandelt. \n💶 Käschten: \nFir d’Reservatioun vun der Plaz ass en Accompte vun 100 € néideg. Sollten déi definitiv Käschte méi niddreg ausfalen\, kritt dir den Ënnerscheed zeréck. \nAm Präis abegraff sinn: \n\nDe gemeinsame Programm zu London\nD’Iwwernuechtunge mat Moiesiessen\nDen Transport zu London\nAll Dag een Owesiessen\n\nNet abegraff ass den Transport op London\, deen all Participant selwer organiséiert. \n🛂 Wichteg: \nFir d’Rees ass e gültege Pass obligatoresch. \nZousätzlech muss am Virfeld eng Electronic Travel Authorisation (ETA) ugefrot ginn. Dës kascht 20 £ an ass fir zwou Joer gülteg. \n👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link! \nNo der Umeldung kritt dir eng Confirmatiounsmail. Bannent 10 Deeg ass den Accompte vun 100 € ze iwwerweisen. Eréischt dono ass är Umeldung definitiv. \nNodeems d’Participanten feststinn\, maache mir eng WhatsApp-Grupp\, fir déi weider Organisatioun an Informatiounen ze deelen. \nMir freeën eis drop\, zesumme mat iech eng spannend Stad mat vill Technik\, Kultur a gudder Gesellschaft ze entdecken! 🇬🇧✈️ \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/rees-op-london
LOCATION:London
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/39da989e-8cf2-43e6-b36f-c06ea73f02d3.jpeg
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Luxembourg:20261022T180000
DTEND;TZID=Europe/Luxembourg:20261022T200000
DTSTAMP:20260707T211245Z
CREATED:20260705T190335Z
LAST-MODIFIED:20260707T211245Z
UID:9308-1792692000-1792699200@aneil.lu
SUMMARY:CV Cours
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \ne gudde CV ass dacks den éischten Androck\, deen dir bei enger Bewerbung hannerloosst. Dofir invitéiere mir iech häerzlech op eisen online CV-Cours\, wou dir wäertvoll Tipps kritt\, fir ären CV professionell an iwwerzeegend opzebauen. \nZesumme mat enger Expertin kucke mir\, wat an e modernen CV gehéiert\, wéi dir är Kompetenzen am beschte presentéiert a wat Recruiter besonnesch oppfällt. Egal ob dir op der Sich no engem Stage\, enger éischter Aarbechtsplaz sidd oder äre CV fir zukünfteg Bewerbunge verbessere wëllt – dëse Cours ass fir jiddereen interessant. \n\nWat erwaart iech beim Cours? \n\nPresentatioun vun de wichtegste Bestanddeeler vun engem gudde CV\nTipps fir e professionellt an iwwersiichtlecht Layout\nHeefeg Feeler a wéi een se vermeit\nPraktesch Rotschléi vun enger Expertin\nZäit fir Froen an Austausch\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: 22. Oktober 2026 \n🕕 Zäit: 18:00 Auer \n💻 Format: \nOnline (de Link gëtt no der Umeldung matgedeelt) \n👥 Participanten: \nOp fir all ANEIL Memberen \n👉 Den Link fir d’Umeldung kennt nach no! \nMir freeën eis op eng interessant an hëllefräich Sessioun mat iech! \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/cv-cours
LOCATION:Online
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/image-scaled.png
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261029
DTEND;VALUE=DATE:20261031
DTSTAMP:20260706T222947Z
CREATED:20260706T220437Z
LAST-MODIFIED:20260706T222947Z
UID:9343-1793232000-1793404799@aneil.lu
SUMMARY:Studentefoire
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nmir invitéieren iech häerzlech op d’Foire de l’Étudiant 2026\,  déi gréissten Informatiounsfoire fir Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg. \nMat méi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 verschiddene Länner ass d’Foire déi ideal Geleeënheet\, fir sech iwwer Studien\, Universitéiten an zukünfteg Karriärméiglechkeeten z’informéieren. Egal ob dir nach um Ufank vun ärem Studium stitt oder iech fir e Master oder weider Studien interesséiert\, hei fannt dir eng grouss Villfalt un Informatiounen an direkten Austausch mat Universitéiten an Héichschoulen. \n\nWat erwaart iech op der Foire? \n\nInformatiounen iwwer Bachelor-\, Master- a weider Studieprogrammer\nMéi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 Länner\nDirekten Austausch mat Universitéiten\, Héichschoulen an Organisatiounen\nBerodung zu Studien- a Karriärméiglechkeeten\nEng ideal Geleeënheet\, fir äre weidere Studienwee ze plangen\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: \n\nOktober 2026 (09:00 – 17:00 Auer)\nOktober 2026 (09:00 – 17:00 Auer)\n\n📍 Standuert: \nSalle Centre National Sportif et Culturel Coque \n2\, Rue Léon Hengen \nL-1745 Luxembourg-Kirchberg \n👥 Fir wien? \nFir all Schüler\, Studenten an Interesséiert\, déi sech iwwer Héichschoulstudien an hir Zukunft informéiere wëllen. \n👉 Fir méi Informatiounen iwwer d’Foire an d’Aussteller\, kuckt w.e.g. op de folgende Link: \nMir freeën eis\, vill vun iech op der Foire ze gesinn an iech bei äre Froen zum Ingenieursstudium an der ANEIL begréissen ze kënnen! \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/studentefoire
LOCATION:Coque\, 2 Rue Léon Hengen\, Kirchberg\, 1745\, Luxembourg
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/Bildschirmfoto-2026-07-07-um-00.00.20-scaled.png
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261030
DTEND;VALUE=DATE:20261031
DTSTAMP:20260706T223207Z
CREATED:20260706T222442Z
LAST-MODIFIED:20260706T223207Z
UID:9348-1793318400-1793404799@aneil.lu
SUMMARY:Prix d'exellence
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nstitt dir kuerz virum Ofschloss vun ärem Masterstudium am Ingenieursberäich oder hutt dir äre Master viru kuerzem ofgeschloss? Dann notzt d’Geleeënheet a maacht beim Prix d’Excellence 2026 mat! \nDe Präis gëtt och dëst Joer vun der IngSci\, der Fondation Enovos an der ANEIL organiséiert a belount déi bescht Masteraarbechten an de Beräicher Energie\, Nohaltegkeet an Innovatioun. \n\nWie kann matmaachen? \nDe Concours riicht sech un Ingenieursstudenten\, déi: \n\ne Masterstudium (Bac+5) am Ingenieursberäich ofgeschloss hunn;\nhiert Studium an der festgeluechter Period fir d’Editioun 2026 ofgeschloss hunn;\nbeim Lëtzebuerger Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ugemellt sinn an Usproch op d’Lëtzebuerger Studentehëllef hunn.\n\n\nWat kënnt dir gewannen? \n\nEng Chance op e Präisgeld vun 2.500 €\nD’Méiglechkeet\, äre Projet virun enger Jury aus Expert*innen ze presentéieren\nVisibilitéit bei Acteuren aus den Domäner Energie\, Nohaltegkeet an Innovatioun\nZousätzlech gëtt e Prix Coup de Cœur fir déi iwwerzeegendst Presentatioun verginn.\n\nFir d’Kandidatur braucht dir: \n\nÄr Masteraarbecht\nÄre Bulletin de notes\nÄre Masterdiplom\n\n📅 Wichteg Datumer: \n\n24. Juni 2026: Ouverture vun de Kandidaturen\n31. Juli 2026: Deadline fir d’Aschécke vun de Kandidaturen\n25. September 2026: Selektioun duerch d’Jury\n30. Oktober 2026: Präisiwwerreechung an der Coque\n\n👉 Fir d’Participatioun an all weider Informatiounen\, kuckt w.e.g. op de folgende Link: \nWann är Masteraarbecht sech mat den Theme Energie\, Nohaltegkeet oder Innovatioun beschäftegt\, da verpasst dës Geleeënheet net a reecht är Kandidatur an. Vill Gléck! 🏆 \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/prix-dexellence
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/ASSET-NL-1200x1200-FR.png
END:VEVENT
END:VCALENDAR