BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//ANEIL - ECPv6.18.0//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:ANEIL
X-ORIGINAL-URL:https://aneil.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für ANEIL
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Luxembourg
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20260329T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20261025T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20270328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20271031T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Luxembourg:20261022T180000
DTEND;TZID=Europe/Luxembourg:20261022T200000
DTSTAMP:20260707T211245Z
CREATED:20260705T190335Z
LAST-MODIFIED:20260707T211245Z
UID:9308-1792692000-1792699200@aneil.lu
SUMMARY:CV Cours
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \ne gudde CV ass dacks den éischten Androck\, deen dir bei enger Bewerbung hannerloosst. Dofir invitéiere mir iech häerzlech op eisen online CV-Cours\, wou dir wäertvoll Tipps kritt\, fir ären CV professionell an iwwerzeegend opzebauen. \nZesumme mat enger Expertin kucke mir\, wat an e modernen CV gehéiert\, wéi dir är Kompetenzen am beschte presentéiert a wat Recruiter besonnesch oppfällt. Egal ob dir op der Sich no engem Stage\, enger éischter Aarbechtsplaz sidd oder äre CV fir zukünfteg Bewerbunge verbessere wëllt – dëse Cours ass fir jiddereen interessant. \n\nWat erwaart iech beim Cours? \n\nPresentatioun vun de wichtegste Bestanddeeler vun engem gudde CV\nTipps fir e professionellt an iwwersiichtlecht Layout\nHeefeg Feeler a wéi een se vermeit\nPraktesch Rotschléi vun enger Expertin\nZäit fir Froen an Austausch\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: 22. Oktober 2026 \n🕕 Zäit: 18:00 Auer \n💻 Format: \nOnline (de Link gëtt no der Umeldung matgedeelt) \n👥 Participanten: \nOp fir all ANEIL Memberen \n👉 Den Link fir d’Umeldung kennt nach no! \nMir freeën eis op eng interessant an hëllefräich Sessioun mat iech! \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/cv-cours
LOCATION:Online
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/image-scaled.png
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261029
DTEND;VALUE=DATE:20261031
DTSTAMP:20261006T145435Z
CREATED:20260706T220437Z
LAST-MODIFIED:20261006T145435Z
UID:9343-1793232000-1793404799@aneil.lu
SUMMARY:Studentefoire
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nmir invitéieren iech häerzlech op d’Foire de l’Étudiant 2026\,  déi gréissten Informatiounsfoire fir Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg. \nMat méi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 verschiddene Länner ass d’Foire déi ideal Geleeënheet\, fir sech iwwer Studien\, Universitéiten an zukünfteg Karriärméiglechkeeten z’informéieren. Egal ob dir nach um Ufank vun ärem Studium stitt oder iech fir e Master oder weider Studien interesséiert\, hei fannt dir eng grouss Villfalt un Informatiounen an direkten Austausch mat Universitéiten an Héichschoulen. \n\nWat erwaart iech op der Foire? \n\nInformatiounen iwwer Bachelor-\, Master- a weider Studieprogrammer\nMéi wéi 250 Aussteller aus ronn 20 Länner\nDirekten Austausch mat Universitéiten\, Héichschoulen an Organisatiounen\nBerodung zu Studien- a Karriärméiglechkeeten\nEng ideal Geleeënheet\, fir äre weidere Studienwee ze plangen\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: \n\nOktober 2026 (09:00 – 18:00 Auer)\nOktober 2026 (09:00 – 16:00 Auer)\n\n📍 Standuert: \nSalle Centre National Sportif et Culturel Coque (ARENA) \n2\, Rue Léon Hengen \nL-1745 Luxembourg-Kirchberg \n👥 Fir wien? \nFir all Schüler\, Studenten an Interesséiert\, déi sech iwwer Héichschoulstudien an hir Zukunft informéiere wëllen. \n👉 Fir méi Informatiounen iwwer d’Foire an d’Aussteller\, kuckt w.e.g. op de folgende Link: \nMir freeën eis\, vill vun iech op der Foire ze gesinn an iech bei äre Froen zum Ingenieursstudium an der ANEIL begréissen ze kënnen! \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/studentefoire
LOCATION:Coque\, 2 Rue Léon Hengen\, Kirchberg\, 1745\, Luxembourg
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/Bildschirmfoto-2026-07-07-um-00.00.20-scaled.png
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261030
DTEND;VALUE=DATE:20261031
DTSTAMP:20260828T062400Z
CREATED:20260706T222442Z
LAST-MODIFIED:20260828T062400Z
UID:9348-1793318400-1793404799@aneil.lu
SUMMARY:Prix d'excellence
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nstitt dir kuerz virum Ofschloss vun ärem Masterstudium am Ingenieursberäich oder hutt dir äre Master viru kuerzem ofgeschloss? Dann notzt d’Geleeënheet a maacht beim Prix d’Excellence 2026 mat! \nDe Präis gëtt och dëst Joer vun der IngSci\, der Fondation Enovos an der ANEIL organiséiert a belount déi bescht Masteraarbechten an de Beräicher Energie\, Nohaltegkeet an Innovatioun. \n\nWie kann matmaachen? \nDe Concours riicht sech un Ingenieursstudenten\, déi: \n\ne Masterstudium (Bac+5) am Ingenieursberäich ofgeschloss hunn;\nhiert Studium an der festgeluechter Period fir d’Editioun 2026 ofgeschloss hunn;\nbeim Lëtzebuerger Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ugemellt sinn an Usproch op d’Lëtzebuerger Studentehëllef hunn.\n\n\nWat kënnt dir gewannen? \n\nEng Chance op e Präisgeld vun 2.500 €\nD’Méiglechkeet\, äre Projet virun enger Jury aus Expert*innen ze presentéieren\nVisibilitéit bei Acteuren aus den Domäner Energie\, Nohaltegkeet an Innovatioun\nZousätzlech gëtt e Prix Coup de Cœur fir déi iwwerzeegendst Presentatioun verginn.\n\nFir d’Kandidatur braucht dir: \n\nÄr Masteraarbecht\nÄre Bulletin de notes\nÄre Masterdiplom\n\n📅 Wichteg Datumer: \n\n24. Juni 2026: Ouverture vun de Kandidaturen\n31. Juli 2026: Deadline fir d’Aschécke vun de Kandidaturen\n25. September 2026: Selektioun duerch d’Jury\n30. Oktober 2026: Präisiwwerreechung an der Coque\n\n👉 Fir d’Participatioun an all weider Informatiounen\, kuckt w.e.g. op de folgende Link: \nWann är Masteraarbecht sech mat den Theme Energie\, Nohaltegkeet oder Innovatioun beschäftegt\, da verpasst dës Geleeënheet net a reecht är Kandidatur an. Vill Gléck! 🏆 \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/prix-dexellence
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/ASSET-NL-1200x1200-FR.png
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Luxembourg:20261105T140000
DTEND;TZID=Europe/Luxembourg:20261105T170000
DTSTAMP:20260705T193300Z
CREATED:20260414T161046Z
LAST-MODIFIED:20260705T193300Z
UID:9076-1793887200-1793898000@aneil.lu
SUMMARY:Visitt Cattenom
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nmir invitéieren iech häerzlech op eng spannend an exklusiv Visitt beim Centrale nucléaire de Cattenom\, ee vun de wichtegste Kraaftwierker an der Groussregioun. \nDëst Atomkraaftwierk\, bedriwwe vun EDF\, spillt eng zentral Roll an der Energieversuergung an bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet\, hannert d’Kulisse vun der Energieproduktioun ze kucken. \nKommt mat a kritt en direkten Abléck an d’Funktioun vun engem Atomkraaftwierk an entdeckt d’Installatiounen aus nächster Noperschaft. \n\nWat erwaart iech bei der Visitt? \n\nPresentatioun vum Site an der Energieproduktioun\nAbléck an d’Funktioun vun engem Atomkraaftwierk\nGeféiert Visitt vun den InstallatiounenExklusiven\nAccès an de Salle des machines\nMéiglechkeet fir Froen un Expert*innen ze stellen\n\n\nPraktesch Informatiounen: \n📅 Datum: 5. November 2026 \n🕒 Zäit: 14:00 – 17:00 Auer \n📍 Standuert: \nEspace EDF Odyssélec \nBP41\, 57570 Cattenom (Frankräich) \n👥 Participanten: \nLimitéiert op 16 Persounen \n🪪 Wichteg: \nFir d’Visitt ass eng Carte d’identité obligatoresch. \nZousätzlech muss eng Lëscht mat perséinlechen Donnéeën (Excel) spéitstens 1 Mount am Viraus agereecht ginn. \n🚗 Transport: \nDen Transport muss jidderee selwer organiséieren (Covoiturage recommandéiert). \n👉 D’Plaze si limitéiert – mellt iech also séier un iwwer dëse Link! \nMir freeën eis op eng interessant an technesch faszinéierend Visitt mat Iech ⚡ \nÄre ANEIL Comité 🧡
URL:https://aneil.lu/event/9076
LOCATION:Cattenom\, BP41\, Cattenom\, 57570\, France
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/04/Nuclear_Power_Plant_Cattenom-scaled.jpg
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20261128
DTEND;VALUE=DATE:20261129
DTSTAMP:20260706T215512Z
CREATED:20260706T215207Z
LAST-MODIFIED:20260706T215512Z
UID:9339-1795824000-1795910399@aneil.lu
SUMMARY:Student fir 1 Dag
DESCRIPTION:Léif ANEIL Memberen\, \nBass du interesséiert un engem Ingenieursstudium\, mee weess nach net genee\, wat dech op der Uni erwaart? Da notz d’Geleeënheet a maach mat bei Student fir 1 Dag\, organiséiert vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen! \nD’ANEIL vertrëtt och dëst Joer de Beräich Ingenieurwëssenschaften um Campus Belval. Zesumme mat eise Memberen hues du d’Méiglechkeet\, en authenteschen Abléck an den Alldag vun engem Ingenieursstudent ze kréien. Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen\, beäntweren deng Froen a weisen dir\, wat dech an engem Ingenieursstudium erwaart. \nEgal ob s du nach onsécher bass\, wéi eng Fachrichtung déi richteg fir dech ass\, oder einfach méi iwwer de Studium an d’Beruffsméiglechkeete gewuer wëlls ginn – Student fir 1 Dag ass déi ideal Geleeënheet\, fir dech ze informéieren an aner Studente kennen ze léieren. \n👉 Fir d’Umeldung an all weider Informatiounen\, kuck einfach op de folgende Link: \nMir freeën eis\, dech um Campus Belval begréissen ze kënnen! \nÄre ANEIL Comité
URL:https://aneil.lu/event/student-fir-1-dag
LOCATION:Campus Belval\, 11 Prte des Sciences\, Belval Esch-sur-Alzette\, 4366\, Luxembourg
ATTACH;FMTTYPE=image/png:https://aneil.lu/wp-content/uploads/2026/07/Sf1D-2025-Icon-1x1-1-1024x1024-1.png
END:VEVENT
END:VCALENDAR