D'ANEIL stellt sech vir

Wat ASS D'ANEIL?

Wat hunn ech vun der ANEIL?

Informatiounen

Als Schüler vun der 2e/1re oder 12e/13e kriss de vun eis Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium a -beruff. Iwwert d’Joer organiséiere mir Schoulaktiounen, wou mir a verschidde Lycéeë ginn, an och op der “Foire de l’Étudiant” hu mir eisen traditionelle Stand. Fir méi détailléiert Froë vermëttele mir dech gären un ee vun eise Memberen, dee grad an dem entspriechende Studium steet.

Visite an Reesen

Als Ingenieursstudent kanns du un eise Visite bei lëtzebuergesche Firmen deelhuele fir dir een éischt Bild vun der Praxis ze maachen, a fir Studente vun aneren Héichschoulen ze begéinen. Am Hierscht organiséiere mir eng Rees vun e puer Deeg an d’Ausland, wou mir eise Memberen d’Méiglechkeet ginn, bei enger Visite mat souwuel technëschem wéi och kulturellem Inhalt eng Stad oder Regioun kennenzeléieren. Di lescht Jore ware mir z.B. zu Barcelona, Dublin, Prag, Hamburg, Milano, op der Ostküst vun den USA, am Ruhrgebidd an an der Schwäiz. Véier mol am Joer kriss du eis Zäitschrëft, de bulli, op deng Lëtzebuerger Adress geschéckt a mir leeden der all Job- a Stageoffer déi mer vun de Firme kréien un deng Email Adress weider.

Kontakt

Nom Diplom hues du duerch deng Visite mat der ANEIL een differnzéiert Bild vun dénge Méiglechkeeten als Ingénieur zu Lëtzebuerg. Eis “Table Ronde” op Karfreide bitt eng gutt Geleeënheet, an engem ongezwongene Kader mat de Personalcheffen vun deene wichtegste lëtzebuerger Entreprise Kontakt opzehuelen an eventuell en éischte Rendez-vous ze fixéieren.

Wéi kann ech an der ANEIL matschaffen?

Wéi bleiwen ech op der Uni iwwer
d'ANEIL um lafenden?

Iwwer d’News an d’Updates op dëser Homepage, iwwer Facebook, iwwer Instagram, iwwer LinkedIn, an iwwer d’Newsletteren déi mer regelméisseg un eis Membere verschécken.

Hei kanns du Member gi wann s du et nach net bass.